Mat Plakater, déi de Schluss vu Serie weise wëll een d'Leit dozou kréien net méi erauszegoen.

"Bleift doheem", déi Wieder ginn zanter der Pandemie iwwerall gepriedegt. Ma och wann déi meescht Leit sech drun halen, et ginn tatsächlech nach Persounen, déi den Eescht vun der Situatiounen net erkannt hunn. Fir déi puer Prozent och nach dovun ze iwwerzeegen muss een d'Leit do treffe wou et am Meeschte wéi deet: bei hire Liblingsserien.

D'Iddi ass einfach ze erklären: Wien net doheem bleift muss domat rechnen engem Spoiler iwwert de Wee ze lafen. Esou gëtt bei den aktuelle Plakater de Schluss vun "Love Is Blind", "Narcos", "Kingdom" a "Stranger Things" verroden. Bis ewell ass et allerdéngs just eng Propose vun der Miami Ad School fir Netflix Thailand an nach keng richteg Campagne. Wa se allerdéngs duerchgezu gëtt, kann ee just hoffen, dass déi Leit, déi nach mussen erausgoe fir ze schaffen, séier genuch un de Spoiler laanschtlafe kënnen.