Den Online-Shop, dee soss "Nolespiller a medezinesch Fetisch-Utensilien" verkeeft, bedeelegt sech un der Corona-Kris.

E britteschen Online-Händler fir Fetischisten huet wärend der Pandemie säi komplett Lager u OP-Kiddelen un eng Klinick gespent. D'Entreprise hat via Twitter matgedeelt, dass se mat kritt hunn, dass Schutzausrüstung- a Schutzkleedung vum nationale Gesondheetsdéngscht gesicht gouf. Doropshin hätte si dann och hiren Deel bäigedroen an all déi Sets, déi se haten, ouni Fraisen un d'Klinicke verschéckt.