Wat een net alles mécht fir COVID-19 net ze erwëschen...

Verschidde Mesure fir sech géint de Coronavirus ze schütze sinn néideg a virgeschriwwen. Ma et ginn och Leit, déi hir ganz eege Moossnamen opstellen, och wann dës net ëmmer ganz logesch sinn.

Op der Foto, déi d'Evie Lancaster op Twitter gedeelt huet, gesäit ee Produite wéi Brokkoli, Zalot an aner Akeef an der Buedbidden schwammen. Dem Evie seng Mamm mengt nämlech, dass dat néideg wär fir sech géint d'Pandemie ze schützen a weecht deemno hir Liwwerunge vum Supermarché an ier dës hire Wee an de Frigo fannen.

An de Kommentare fënnt een dann och weider kreativ (an deels net ongeféierlech) Mesuren, déi d'Leit an dësen Zäiten huelen. Esou schreift ee User, dass seng Mamm d'Post zanter dem Ufank vun der Pandemie an d'Mikrowell stécht. En anere Kommentar beseet, dass Leit säitdeem de COVID-19 seng Ronne mécht d'Sue streckt, an zwar all eenzele Schäin.

Net immens erfreet war e Mann, deem seng Fra drop besteet, dass ee sech nom akafe komplett ausdeet ier een d'Haus nees betrëtt. Bis op de Kalzong misst e sech ausdoen a stoung du mat den Akafstuten op der Veranda - am deels nach zimmlech kale Mäerz, net déi angeneemste Beschäftegung.

Ma esou witzeg an entertaining dës Moossnamen och sinn, esou onnéideg sinn déi Meescht dovun. Dir musst ären Akeef also net schonn d'Buedbidden alafe loossen.