Dobäi wollt d'Bundeskanzlerin just Merci soen...

Wann den Telefon schellt an d'Angela Merkel drop ass, wat géift dir maachen? Den André Muswieck vun de fräiwëllege Pompjeeën op Rügen huet séier nees agehaangen, nodeems genee dat geschitt ass. De Grond: Hien duecht et wär e Witz.

Ma deem war net esou, tatsächlech hat d'Bundeskanzlerin perséinlech bei de Pompjeeën ugeruff fir hinne Merci ze soen. De Grupp u Fräiwëllegen hat sech nämlech op Eegeninitiativ hin an hirem "Gerätehaus" isoléiert a si just fir Asätz erausgefuer. No 2 Woche goufe se dunn ofgeléist. D'Merkel wollt se fir dësen Asaz luewen an nofroe wéi et de Pompjeeë géif goen, ma déi hu geduecht et géif sech dobäi ëm e Radio-Witz handelen.

D'Bundeskanzlerin huet awer net opginn an déi 2. Kéier ass dunn tatsächlech een um Telefon bliwwen, deen de Message konnt un all déi aner fläisseg Pompjeeë viru ginn.