Mat 160 Kilometer an der Stonn war de Pitbull rasant ënnerwee...

Et war eng ongewéinlech Verfolgungsjuegd, déi Polizisten an den USA matgemaach hunn. Nodeems zu Seattle bei der Police ugeruff gouf fir e Raser ze mellen, deen och schonn aner Autoe gerammt hätt an doropshin net stoe bliwwe wär, sinn d'Beamten dem Noutruff nogaangen. Ma wéi si d'Gefier, dat mat 160 Stonnekilometer ënnerwee war, fonnt hunn, wollt de Fuerer natierlech net stoe bleiwen an esou ass d'Verfolgungsjuegd ugaangen.

Wéi d'Beamten den Auto dunn ageholl haten an de Fuerer zur Ried stelle wollten, goufe se iwwerrascht: Hannert dem Steier souz kee Mënsch mee en Hond. Fir genee ze sinn, e Pitbull. Niewendru souz de Besëtzer vum Déier, deen, eegenen Aussoen no, sengem Hond d'Fuere bäibrénge wollt. Vum Bäifuerersëtz aus hätt hien op de Gas gedréckt a mat gerenkelt.

Den 51 Joer ale Mann stoung zum Zäitpunkt vun der Verfolgungsjuegd, wéi et heescht, ënner Drogen a gouf vun de Beamte matgeholl. Den Hond, deen zwar e Verkéiersrowdy war, war awer soss ganz friddlech a gouf an den Déierenasyl bruecht. Selwer bis dohi fueren, duerft en allerdéngs net.