En DJ suergt trotz Quarantän fir Disco-Feelings.

Zu Dortmund gëllt natierlech dat selwecht wéi och soss iwwerall an der Welt: Et soll een esou gutt et geet doheem bleiwen a Kontakt mat anere Leit vermeiden. Ma am "Kreuzviertel" gouf sech dodru gehalen an trotzdeem hunn d'Bewunner eng Méiglechkeet fonnt matenee kënnen ze feieren. Den DJ LukeNukem vun de BölkerBrüder hat d'Leit vum banneschten  dozou opgeruff de Weekend zesummen eng Party ze schmäissen.
Haff
Am Virfeld goufen d'Leit ronderëm also virgewarnt an ageluede freides vun 20 Auer bis 22 Auer op hire Balcon ze kommen an esou iwwer Distanz zesummen ze feieren. D'Resonanz op Instagram beweist, zimmlech vill Bewunner vum Gebai hate Loscht op d'Party an hu vun hirem Balcon aus drun deelgeholl. Den DJ selwer huet natierlech fir d'Musek gesuergt an d'Leit mat Party-Hits, Techno-Beats awer och Solidaritéitssongs wéi "You'll never Walk Alone" bei Laun gehalen.

Bis 10 Auer sollt dat Ganzt offiziell goe mee d'Police ass schonn am Virfeld am Haff ukomm. Dat awer net fir d'Party ze stoppe mee fir mat ze feieren. D'Beamten aus Dortmund hu sech am Haff mat hire Police-Autoe geparkt, déi blo Luuchten ugemaach an esou fir nach méi Disco-Feeling gesuergt.

Wa Polizisten eng Party stierme mat de Wierder "Entschëllegt DJ, kanns de d'Musek nees umaachen", da weess een, dass een a ganz aussergewéinlechen Zäite lieft.