Falls der ëmmer nach op är Eil mam Bréif waart: D'Waarden huet en Enn!

Déi brittesch Schrëftstellerin J.K. Rowling huet sech e Wonnermëttel géint d'Coronavirus-Langweil ausgeduecht. Fir all d'Harry Potter-Fans dobaussen (oder an deem heite Fall dobannen) ginn et elo net just d'Bicher an d'Filmer mat deene se sech d'Zäit verdreiwe kann, mee och Coursen. Wann der also schonn ëmmer Deel vun Hogwarts wollt sinn, elo ass är Chance vun doheem aus an déi aussergewéinlech Schoul ze goen.

Mat "Harry Potter at Home" huet d'Autorin eng Plattform lancéiert, op där ee sech a Course wéi "Verdeedegung géint déi donkel Kënscht" oder an aneren Zauber-Unterrecht weiderbilde kann. D'Portal soll virun allem u Kanner geriicht sinn, datt déi sech wärend dësen Zäiten net langweile mussen. Ma och erwuesse Fans schénge sech doriwwer ze freeën endlech zu Hogwarts ugeholl ze ginn, wann och vun doheem aus.

Nieft Online-Coursen, Tester, Videoen an Artikele fir méi iwwert d'Konscht vun der Zauberei ze léieren, ginn hei och gratis Versioune vum éischten Harry Potter-Buch ugebueden.