Un all déi, déi sech elo freeën, kuckt emol op den Datum op deem de Produit annoncéiert gouf.

Käpt'n Iglo featuring Dr. Oetker, den Dram fir Pizza- a Fëschstäbchen-Fans kéint Realitéit ginn. Um Mëttwoch (1. Abrëll) gouf de gemeinsame Projet annoncéiert, ma wéinst dem Datum, op deem gäre mol de Geck bedriwwe gëtt, war ee sech onsécher wéi seriö d'Iddi gemengt war.

Ënnert dem Numm "Ristorante Pizza Bastoncini di Pesce" sollt déi aussergewéinlech Pizza op de Marché kommen. Den Numm klengt méi exotesch wéi de Produit ausgesäit. Amplaz iergendeen deiere Fësch sollen hei nämlech nieft Tomatenzooss a Spinat Fëschstäbercher, wéi mer se aus der Tiefkühltruh kennen, drop sinn. Zanter Jore probéiert en Twitter-User Dr. Oetker vun dëser Iddi ze iwwerzeegen, ma elo huet d'Firma reagéiert.

Allerdéngs, wéi mëttlerweil vun Dr. Oetker verrode gouf, mat engem Abrëllsgeck. Fir vill Leit war dat keng Iwwerraschung ma e puer User waren trotzdeem enttäuscht. Bei deem Opwand, deen do bedriwwe gouf, hätt een et och wierklech kënne gleewen. Ëmmerhin hat d'Liewensmëttel-Mark scho mol um 1. Abrëll e Produit lancéiert - d'Schockela-Pizza, an och dat war keen Abrëllsgeck.

Ma och wann de Produit net wierklech hirgestallt gouf, den Twitter-Verlaf tëscht dem Fëschstäbchen begeeschterten "Stullen-Andy" an dem Social Media-Team vun Dr. Oetker ass definitiv skurril genuch, an dat net just op engem 1. Abrëll.