Wien hätt geduecht, dass Filteren de gréisste Géigner vum Home Office ginn?!

Leit, déi kënnen am télétravail schaffen, déi sollen dat den Ament och maachen. Ma nëmme well een an Theorie vun doheem aus schaffe kann, heescht dat net, dass net awer déi eng oder aner Challenge op een duerkënnt. Vill Leit musse sech ëmstellen an entdecken elo Tools wéi zum Beispill Video-Calls fir eng éischte Kéier. Ma och wa Video-Konferenze mat de Mataarbechter wichteg an deels néideg sinn, verlafe se net ëmmer problemlos of.

D'Chefin Lizet Ocampo hat mat senger Ekipp via Microsoft Teams-App geschwat. Mat engem Snapchat-Add-On hat si e Filter un duerch dee si sech an eng Gromper verwandelt huet. Witzeg war et zwar, ma si krut de Filter net méi ausgeschalt. Amplaz dat Ganzt nei ze starten, huet si sech hirem Schicksal erginn an huet déi ganz Video-Konferenz als Grompere-Boss gehalen.

Twitter sei Dank, huet ee vun den Aarbechter eng Foto dovu gedeelt. Ma d'Cheffin huet et mat Humor geholl a geäntwert: "I yam potato boss" an dunn nach eng Billie Eilish Referenz hannendru gesat.

Dat ass dach mol eng cool Cheffin #potatoboss