"Är Bestellung vun iwwer 60.000 Päck Fusilli wär dann ukomm..."

Och an Zukunft wëll den Aldi dofir suergen, dass genuch Nuddelen an de Regaler vum Discounter stinn. Pasta ass ëmmer gefrot, ma an der aktueller Situatioun, an där vill Leit op Liewensmëttel setzen, déi sech halen, nach méi! Ma och wann d'Nofro klëmmt, d'Wueren aus Italien an Däitschland ze kréie ass momentan méi schwiereg.

Ma fir ze garantéieren, dass trotzdeem ëmmer genuch Nuddelen do sinn, huet den Aldi sech mat DB Schenker zesumme gedoen a bréngt d'Wuer elo mat engem "Sondertransport" an d'Land. Direkt e puer där Zich hu mëttlerweil schonn iwwer 60.000 Päck Fusilli, ronn 75.000 Päck Penne an wäit iwwer eng Véierelsmillioun Spaghetti-Päck aus Italien importéiert. Eegenen Aussoen no goufen insgesamt scho knapp 200 Tonne Pasta a ronn 300 Palette geliwwert.

Ma dann, e Gudden!