Eng Schülerin vun 12 Joer aus dem US-Bundesstaat South Dakota hat seng Mathesaufgab net verstanen. De Schoulmeeschter huet net lang op sech waarde geloss.

D'Schoule sinn zou an d'Schüler mussen an Zäite vun der Pandemie hir Schoulaarbechte vun doheem aus maachen. Ma wat mécht ee wann weder d'Mamm nach de Papp d'Matheshausaufgab verstanen huet? D' Rylee Anderson aus Madison hat sengem Schoulmeeschter Maile geschéckt, a gehofft eng hëllefräich Äntwert zréck ze kréien.

Deen huet sech doropshin einfach eng Tafel ënnert den Aarm geklemmt an ass bei d'Schülerin schelle gaangen. Natierlech huet hien sech och un d'Hygiènesmesure gehalen, an ass mat der Tafel am Haff bliwwen, wärend d'Meedchen an der Dier stoe bliwwen ass.

De Papp vum Rylee huet des witzeg Situatioun mam Handy festgehalen, an op Twitter gedeelt. D'Engagement vum Schoulmeeschter huet fir vill Luef gesuergt.