Op d'Déier allerdéngs wierklech a Nout war ass déi aner Fro.

Zu Niedersachsen hat eng Kaz um Donneschdeg d'Police geruff.  Jo - eng Kaz.
De besuergte Noper huet zu Wilhelmshaven en Alarmsignal aus enger Fënster gesinn an huet doropshin wollten hëllefen.
Wéi d'Police ugetrueden ass koum hinnen déi gesond Besëtzerin entgéint, déi de Noutruff net bemierkt hat.

Do hat d'Kaz wuel einfach op de falsche Knäppchen op der Campingtäscheluucht gedréckt.