Well e Spuenier wéinst der Epidemie vum Coronavirus huet missen eng Schivakanz ofsoen, huet hien sech dozou entscheet bei sech an der Stuff Schi ze fueren.

Eigentlech hätt den 28 Joer ale Philipp Klein Herrero aus Barcelona viru ronn 3 Woche solle mat senger Famill a Frankräich an d'Vakanz goe fir do Schi ze fueren. Ma den Dag wou hien hätt solle mam Bus an Direktioun vum franséische Schigebitt La Grave fueren huet déi spuenesch Regierung wéinst dem Coronavirus eng Ausgangsspär fir dat ganzt Land verhaangen. Fir d'éischt hat de Mann mam Gedanke gespillt awer de Bus ze huelen. Hien ass awer zu der Konklusioun komm, dass dëst wéinst der Situatioun moralesch net ze vertriede wier.

Nodeems hien e puer Wochen a sengem Appartement gefaange war, koum him op ee Mol d'Iddi fir e Video ze maachen an deem hien a senger Stuff e Bierg erop klëmmt an op de Schi nees erof fiert. De Video dee mat der sougenannter "Stop Motion Technik" gedréit gouf ass an Tëschenzäit zu engem viralen Hit ginn.