E Mann wollt Zigarette kafe mee ass op der Grenz tëscht Frankräich a Spuenien vu Polizisten ugehale ginn. Dunn ass him e bessere Wee agefall...

Trotz Ausgangsspär wollt ee franséische Mann zu Fouss iwwer d’Grenz tëscht Frankräich a Spuenien goe mee hien huet sech an de Bierger vun de Pyrenäe verluer. Well hien op der Grenz vun de Polizisten ugehale gouf, huet hien decidéiert duerch d’Bierger ze trëppelen. D’Zil war et bëlleg Zigarette kafen ze goen. De Mann gouf e puer Stonne méi spéit vun der Gendarmerie an der Keelt fonnt. Déi franséisch Gendarmerie vun de Pyrénées-Orientales huet dës Aktioun als récksiichtslos beschriwwen. De Mann krut eng Geldstrof vun 135 Euro.