Gefier vs. Toilettëpabeier - wouriwwer de Besëtzer sech aktuell wuel méi gefreet huet fir et zréck ze kréien?!

D'Police vu Beverly Hills a Kalifornien huet net schlecht gestaunt wéi si e geklaut gemellten SUV gestoppt hunn. Net well se dëse fonnt hunn, mee wéinst där Wuer, déi am Auto gelagert war. Ganzer 192 Rouleauen Toilettëpabeier goufen heimat transportéiert. Elo gëtt dann net just géint den Déif vum Gefier ermëttelt, mee och analyséiert, wou den Toilettëpabeier hierkënnt.

Falls de Besëtzer vum Auto den Toilettëpabeier geklaut hätt, géif hien natierlech och eng Strof erwaarden.