D'Gebuert war duerch déi aktuell Situatioun schwiereg an dëst wëllen d'Elteren mat den ausgewielten Nimm ni vergiessen.

Et gi Saachen, déi wëll een ni vergiessen, wéi zum Beispill den Hochzäitsdag oder d'Gebuert vum eegene Kand. Ma et ginn och vill net esou schéi Momenter, déi eis an Erënnerung bleiwen oder déi esouguer zum Allgemengwësse gehéieren. Esou dann an e puer Joer warscheinlech déi aktuell Corona-Pandemie, déi an eis Geschichtsbicher agoe wäert.

A genee doru wëllen och Elteren aus Indien erënneren an erënnert ginn - déi an Zäite vum COVID-19 hir Zwillingen op d'Welt bruecht hunn. D'Mamm Preeti Vrema hat de Medien erkläert, dass d'Gebuert net ganz einfach verlaf wier, ebe grad duerch déi aktuell Situatioun, an doru wéilte si ëmmer zréck denke kënnen. Ausserdeem hätt de Virus, och wann e geféierlech ass, positiv Niewewierkungen, esou d'Elteren, déi doropshin decidéiert hunn hir Zwillingen "Corona" a "Covid" ze nennen.

Ganz ausschléissen, dass si d'Nimm net iergendwann ännere wäerte wollt déi indesch Koppel dunn awer net.