© Twitter Screenshot
Business-Meeting mol anescht...
Video-Calls an digital Konferenzen, dat ass mëttlerweil Standard ginn. Ma wiem dat net opreegend genuch ass a gläichzäiteg eppes fir de gudden Zweck maache wëll, dee ka sech elo e Lama an de Meeting eranhuelen.
D'Iddi kënnt net aus der Welt vun den Technologie mee vun enger klenger Non-Profit-Farm, déi an Zäite vun der Pandemie kucke muss iergendwéi Suen eran ze kréien fir d'Käschte vun den Déieren an dem Betrib och ouni Gäscht weiderhin ze decken. An dofir huet d' "Sweet Farm" Mëtt Mäerz de Projet "Goat 2 Meeting" an d'Liewe geruff. Géint en Don vun 100 Dollar kann een hei e Lama, eng Geess oder soss en Déier vun der Farm an eng virtuell Konferenz alueden.
Wien also eppes Guddes maache wëll an och mol en anert Gesiicht am Chat wëll gesi wéi ëmmer nëmmen déi selwecht Aarbechtskolleegen, fir deen ass dëse Projet d'Léisung. Esou lafen och méi schwiereg Meetings bestëmmt e bësse méi einfach, oder op alle Fall méi locker, of. #NoProbllama