© Screenshot Twitter
Wat een ebe sou mécht wann ee Langweil huet...oder?!
D'Oksana Aulova deelt op Instagram Videoen, an deenen hatt Musek mécht. Dat ass näischt Aussergewéinleches. Och net, dass et d'Intro-Musek vun der Kult-Serie Game of Thrones nogespillt huet. Allerdéngs ass säi Choix vu Museksinstrumenter e bëssen ongewéinlech: D'Fra huet nämlech mat Sexspillsaachen, méi genee Vibratoren, musizéiert.
Wien elo mengt, dass dat doru läit, dass een den Ament net un aner Museksinstrumenter kënnt, deen iert sech awer. D'Oksana schéngt sech ganz einfach op esou Covere spezialiséiert ze hunn.