Entdeckt all d'News aus der Lëtzebuerger Business-Welt!

Zanter e Freideg ass d’Aral Statioun zu Esch Uelzecht nees op! Den Andrea zielt eis, wat hei alles nei ass!

Op der selwechter Plaz wéi fréier hu viru 6 Méint d'Aarbechten ugefaangen an elo ass et endlech esou wäit :

Am Agang vun Esch erwaart Iech vun elo un eng ganz super nei Aral Statioun!

Et ass déi 14. a sécherlech net déi lescht, un der e MyAuchan-Shop ugekoppelt ass!

Dëst ass e kompakte Supermarché mat immens vill Choix a frësche Saachen!

Eng weider grouss News : Déi nei Aral zu Esch Uelzecht, ass déi éischt Statioun hei am Grand-Duché mat ultra séiere Luetstatioune vun Aral Pulse, fir den Elektro-Auto ze lueden.

D'Luetseile kënne bis zu 300 KW fir eng Autonomie vu bis zu 300 Kilometer an nëmmen e puer Minutten oplueden, dat wann den Akku vum Auto dofir gemaach ass.

An zur gudder Lescht erwaart Iech hei dann och eng Aral Superwash déi Ären Auto mat der modernster Technik, ëmweltschounend a mat wéineg Frëschwaasserverbrauch op Héichglanz bréngt.

Déi nei Aral Statioun zu Esch! Kuckt op Aral.lu.

Lauschtert hei eran