Entdeckt all d'News aus der Lëtzebuerger Business-Welt!

Dës Kéier geet et an de BizNews  ëm déi zweet Editioun vun der Lego-Challenge a mat Sungas to go kritt Dir zu all Moment Är Gasfläschen, fir ze grillen.

Lauschtert hei eran

NHood

Dëse Samschde kënnt d’Lego-Challenge fir hir zweet Editioun zréck an d’Cloche d’Or.

Pro Stonn trieden hei 16 Ekippe géinteneen un an erschafen hir Lego-Meeschterwierker zu engem ausgewielten Thema.

Nieft der Lego-Challenge gëtt et awer nach méi z’entdecken: Erlieft eng nach ni do gewiecht  Ausstellung iwwert de Golden Square oder maacht mat bei 3 verschiddenen Atelieren ënnert dem Motto Bricks 4 Kidz fir Kanner vu 4 Joer un. Hei kritt Dir en Ableck an den 2D, 3D an och den teschnechen Opbau.

Huet Iech d’Legoféiwer och gepak? Mellt Iech nach un a spillt mat an enger Ekipp vun 2 bis 4 Persounen. Oder kommt nokucken an ënnerstëtzt Äert Team. Tickete ginn et op eventbrite.com

Net ze vergiesssen: Op d’Gewënner-Ekipp vun der Lego-Challenge waarde 4 Entrées-Tickete fir an d’Legoland!

Sungas to go

D’Grillsaison ass lancéiert, mee Dir hutt kee Gas méi, fir de Grill unzeschmäissen? Mat Sungas to go hutt der d’Méiglechkeet zu all Moment, Är Barbecue Gas- a Grillfläschen ze kafen.

Sungas to go ass en autonome Gasfläscheverkafsautomat mat bis zu 36 Fläschen. En ass 24/7 op an et gëtt en exklusiv hei zu Lëtzebuerg op villen ënnerschiddleche Plazen:
Bei de Cactusse Belle Etoile, Bascharage an Angelduerf, op der Gulf Statioun zu Jonglënster, der Total Statioun zu Miersch an och zu Befort bei der Résidence Petite-Suisse.

Sou kann d’Grillsaison richteg ufänken.