Entdeckt all d'News aus der Lëtzebuerger Business-Welt!

An de Biz News si mir dës Kéier wuertwiertlech ënnerwee, dat mat der Fahrschoul Dan a mir maachen e Stopp bei Aral.

Lauschtert hei de Reportage

 

Aral

Aral gëtt et onbekannterweis 52 Mol am Land – wat elo nei ass sinn hir ultra séier Luetstatioune fir d’Elektroautoe – genannt Aral Pulse. An dat elo op der neier Aral-Statioun zu Esch, do ass alles nei – just d’Adress ass déi selwecht bliwwen.

All Luetstatioun huet eng Leeschtung vu bis zu 300 Kilowatt a kann an 10 Minutten en Elektrogefier sou oplueden, dass een 300 Kilometer fuere kann. Aral wëll dës Offer bis Enn 2024 erweideren, esou dass ee bis dohin op 20 Plazen am Land bei Aral och elektresch an net nëmme klassesch tanke kann. Fir all weider Infoe kuck op aral.lu.

 

Fahrschoul Dan

Du wëlls däi Führerschäi maachen, weess awer nach net a wéi enger Fahrschoul? Dann ass d’Fahrschoul Dan déi richteg Adresse! Schonn zanter 25 Joer gëtt et d’Fahrschoul zu Mamer, Stengefort an elo ganz nei um Kierchbierg. Déi sympathesch a professionell Ekipp ënnerstëtzt dech, dass du däi Führerschäi fir den Auto, de Moto oder d’Remorque sécher a sou séier wéi méiglech packs.

D’Theoriescoursë sinn op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Op wat waarts de? Komm bis laanscht! Mat der Fahrschoul Dan hues du gläich sécher de Führerschäin an der Täsch. Du fënns si op Facebook an Instagram.