Entdeckt all d'News aus der Lëtzebuerger Business-Welt!

Dës Woch am Biz News feiert KicheConcept Gebuertsdag an d’Lëtzebuerger Botzfirma Flowey spillt an hirem Secteur ganz vir mat!

Lauschtert eran!

No grousse Renovatioune bei BoConcept a KicheConcept zu Bartreng feieren si elo hir grouss Reouverture vum Showroom. Dat fält dann och zesumme mam 16. Gebuertsdag vu KicheConcept.

Fir dat alles ze feiere kritt Dir da super Konditiounen a bis zu 15% op allen Neibestellungen.

Fir 2023 ginn et elo déi Trends a Kollektiounen z’entdecke souwuel fir Kiche wéi och fir Miwwel.

Och fir Renovatioune kann een sech op KicheConcept verloossen déi mat hire Partner de Chantier komplett koordinéiere kënnen.

All d’Infoe kritt Dir zu Bartreng oder op BoConcept.lu a KicheConcept.lu !

Zanter 30 engagéiert sech d’Lëtzebuerger Firma Flowey fir eng nohalteg Entwécklung vun hire Botzmëttel. Déi Efforte goufen elo belount:

Si hunn den EU Ecolabel kritt a si integréiere sech an d‘Shop Green-Campagne vun der SuperDrecksKëscht, fir de Leit nohalteg Produite méi no ze bréngen.

Als éischt Firma op der Welt am Botzmëttel-Secteur krut Flowey mat hirer Gamm Hygiene Green eng Sëlwer-Auszeechnung vu Cradle to Cradle V4. D'Auszeechnung vun dësem Label, gëllt als déi éiergäizegsten déi et gëtt a punkto sécher a verantwortungsvoll Produkter an der économie circulaire. Kuckt och op Flowey.lu