
Entdeckt all d'News aus der Lëtzebuerger Business-Welt!
Dës Woch am Biz News brénge mir äert Grillen op den nächste Level, den Dicks feiert seng 200 Joer a mer schmaachen epuer nei Cruen a weien eng nei Tiny Bar op der Musel an.
Mam Grillzenter Feier a Flam kann Är Grillsaison starten. An hirem Geschäft um Wandhaff fannt Dir alles, wat Dir fir ze grille braucht. A fir Iech d’Grillen nach méi no ze bréngen, invitéiert Feier a Flam op hir Grillfoire dëse Samschdeg um Wandhaff.
Op hire Stänn weisen Iech hei erfuere Fournisseuren alles vum Grill bis Pizzauewen an am spannende Showgrilling demonstréieren Iech 2 Käch hir Grillkënscht um Feier.
Loosst Iech vum Grillféiwer paken! Méi op feier-a-flam.lu
Domaines Vinsmoselle
Eisen Nationaldichter, den Edmond de la Fontaine, alias DICKS, huet dëst Joer säin 200ste Gebuertsdag. Als Buergermeeschter vu Stadbriedemes huet hien zu senger Zäit am Schlass vun den Domaines Vinsmoselle gewunnt, an dat gëtt lo gefeiert!
Dëse Samschdeg, 17.06.2023 um 6 Auer ass dofir en Open-Air Theater zu Stadbriedemes am Schlasshaff. Gespillt gëtt een Zweeakter mam Dicks sengem bekannte Personnage, der Mumm Séiss.
Den Entrée ass fräi a priméiert Wäiner vun Domaines Vinsmoselle duerfen natierlech net feelen. Entdeckt lo och de limitéierte Coffret vun Domaines Vinsmoselle, passend mat QR Code fir Lidder vum Dicks.
Tiny Bar
Et gëtt eng nei Place-to-be zu Réimech, nämlech d’Tiny Bar Réimech déi lescht Woch ganz offiziell ageweit gouf. De Grënner Charel Vandivinit hat mat e puer Kolleegen d’Iddi een Tiny Haus als Bar ëmzebauen.
Déi Iddi hunn si heimat ëmgesat an eng Plaz geschaaft, op där d’Lëtzebuerger awer och Gäscht aus dem Ëmland regional Produkter an déi schéi Musellandschaft kënne genéissen. Geleet gëtt d’Tiny Bar Réimech vum Carolina a senger Equipe a se sinn op vu mëttwochs bis sonndes, och d’Feierdeeg.