
An eise Biznews schwätze mir dës Kéier iwwert en Event dat een aus Conter mëttlerweil net méi ewech denke kann: De grousse BD Festival!
Fir eng 29e Kéier heescht elo scho BD Festival zu Conter! Hei ass wéi ëmmer jiddereen häerzlech invitéiert!
De Comic-Zeechner Thierry Capezzone ass den Éierepresident vun dëser Editioun wäert och um Festival Deel huelen an och Autogrammer ginn. Um Plakat ass dës Kéier e Petzi an de Wéngerten an der Muselgéigend ze gesinn, mam Schengener Schlass am Hannergrond an dem Monument vum Schengen-Akkord.
Ma Dir fannt hei donieft nach iwwert 50 weider Zeechner déi Iech hier Wierker presentéieren. Do ass garantéiert fir Grouss a Kleng eppes derbäi.
Méi Infoen ginn et och op de soziale Medien oder op bdcontern.lu.