
An de Biz News si mir haut bei Mano an hirem neie Buttek am Belval Plaza 2 a mir verroden iech op wat dir iech um ON STÉITSCH freeë kënnt.
Mano
Sou lues awer sécher, tausche mir eis Summerschong wéi Sandalen, Flip Flops oder Sneaker fir de Summer rëm gaaanz hannen an de Schaf a kropen déi waarm gefiddert Wanterschong raus. A wien sech fir den Hierscht a Wanter do mat neie Schong wëll andecken, fënnt bei Mano dat wat bei säin Outfit passt.
Schong vu Marken ewéi Gabor, Geox, Timberland, Skechers, Dockers, Puma oder och Vans fannt Dir elo am neie Geschäft am Shopping Center Belval Plaza 2 um éischte Stack.
Hei fënnt all Fra a Mann; an och all Mamm a Papp wat e fir d'Kanner sicht.
Kommt an entdeckt dat neit Geschäft an natierlech d'Schong an d‘Maroquinerie!
On Stéitsch
Dëse Samschden heescht et erëm: FESTIVAL ON STÉITSCH. Op 2 Open Air Büne wäerte jonk Museker, Dänzer an DJs hier Talenter ënner Beweis stellen. Vun 2 Auer bis Mëtternuecht erwaart Iech an de Rotonden e super Programm mat Concerten, Danzspektakel a guddem Iessen. Den Entrée ass gratis. Méi Infoen a Line-up um On Stéitsch Instagram a Facebook.