All zweeten Donneschde kritt de labbere Feierowend vum science.lu Team vum Fonds National de la Recherche eng Challenge gestallt!

Challenge 

Dem Massimo seng Challenge: Divers Kichenobjeten (Forchetten, Pipetten, Zoppeläffel, Korkstëpp, etc.) op engem Poul balancéieren - deen eenzegen Objet, deen de Poul beréieren dierf, ass ee Korkstopp.

De Joseph aus dem science.lu Team vum FNR erkläert:

Lauschtert hei d'Challenge vum Massimo

Léisungsversuch

Dem Massimo säin Usaz....
Ech wosst, dass et dorëms géif goen, de Schwéierpunkt vun de verschidden Objeten ze bestëmmen an déi eenzel Elementer deementspriechend opzestellen. Relativ séier hunn ech awer gemierkt, dass et relativ schwéier géif ginn, d'Saache just een nom aneren op ee grousse Koup ze balancéieren.

Déi éischt Versich

Fir dës Challenge huet ee just zwou Stonnen Zäit. Séier hunn ech also misse meng Taktik änneren. Wann d'Balancéiere vun de Géigestänn net klappt, muss ee vläicht seng Basis méi stabil gestallten. Mäi Plang war et, esou séier wéi méiglech esouvill Objete wéi méiglech aus de Féiss ze hunn.

A weider geet et...

No bëssi méi wéi enger Stonn hunn ech mech du geschloe ginn. Och eisem Carlito seng Tipps hunn net wierklech gehollef. Mee wann ee bis weess, wéi et geet, kann dat Ganzt relativ séier eriwwer sinn.

D'Opléisung vum Carlito

Opléisung 

Fir den Challenge ze léisen, hätt ee sech kënnen um Prinzip vun enger Seelbun orientéieren. Vill Leit hätte bei dëser Challenge nämlech direkt de Reflex fir an d'Héicht ze bauen, mee dat ass quasi onméiglech auszebalancéieren. D'Gewiicht muss also ënnert dem Oplagpunkt bleiwen, esou de Joseph Rodesch aus dem science.lu Team vum FNR.

Lauschtert hei d'Opléisung

Och d'Melody Funck an de Micas Carvalho hunn versicht d'Challenge ze léisen.

Kuckt hei wéi et bei hinne gelaf ass:

Casting: Take Off

Wann iech esou Challenges interesséieren, da kënnt dir iech ganz gär mellen .....

Wann dir mengt, dir kéint bei esou Challenges besser ofschneiden wéi eise Massimo, da fannt dir hei de Link mat allen Infos zu der neier Show. D'Aschreiwungen sinn aktuell schonn op.