
© Eldoradio
All zweeten Donneschde kritt de labbere Feierowend vum science.lu Team vum Fonds National de la Recherche eng Challenge gestallt!
Challenge
Dem Chris seng Challenge: Du muss d'haartgekachten Ee an d'Fläsch mam schmuelen Hals kréien, ouni dass et futtigeet. Zur Verfügung stinn dir e Stéck Pabeier, Fixfeier, waarmt Waasser, Äiswaasser an e Schallimo.
D'Lucie aus dem science.lu Team vum FNR erkläert:
Léisungsversuch
Dem Chris säin Usaz....
D'haartgekachten Ee war nach an der Schuel, dofir hunn ech dat fir d'éischt emol geschielt. Ech si mir relativ séier driwwer kloer ginn, dass ech an der Fläsch Ënnerdrock erzeuge misst - u sech ass et jo wéi wann een d'Eegiel mat enger Plastiksfläsch vum Eewäiss trenne wéilt, just ëmgedréint.
Fir den Ënnerdrock an der Fläsch ze erzeugen, wëll ech Feier an der Fläsch maachen an dann d'Ee dropleeën. Esou richteg wëssenschaftlech kann ech et wuel net erklären, mee ech stelle mir vir, dass d'Feier de Sauerstoff an der Fläsch brauch, doduerch kee méi an der Fläsch ass, Ënnerdrock entsteet an d'Ee eragesaugt gëtt.
Hei e puer Impressiounen aus der Sendung a mäi Versuch:
Et huet geklappt!!!!
Opléisung
D'Lucie aus dem science.lu Team vum FNR huet d'Léisung!
Fir d'haartgekachten Ee an d'Fläsch ze kréien, hätt een och de Schallimo benotze kënnen, an d'Ee quasi mat eegener Kraaft an d'Fläsch suckelen. Fir dass d'Loft sech ausdeent hätt een d'Fläsch och an d'gliddegt Waasser stelle kënnen, fir dass se ophëtzt, an duerno am Äiswaasser erëm ofschrecken. Och esou hätt sech d'Loft erëm zesummegezunn an d'Ee wier an d'Fläsch komm! Et goufen also am Ganzen 3 Léisungen.
Nieft dem Chris aus dem labbere Feierowend hu sech och schonn e puer lëtzebuerger Influencer*innen un deem Experiment probéiert, kuckt hei zum Beispill, wéi d'Cecilia an d'Vera sech geschloen hunn:
Casting: Take Off - Science Challenge Show
Wann iech esou Challenges interesséieren, dann interesséiert iech bestëmmt déi nei Fernsee- a Web-Show "Take Off" vum Fonds National de la Recherche, déi am Januar 2024 lancéiert gëtt. Hei wäerten 12 Kandidat*innen tëschent 15 an 21 Joer géinteneen untrieden a Science-Challenges léisen. Am Ganze ginn et 13 Episoden, all Episod muss eng Persoun d’Show verloossen. D*e Gewënner*in hëllt 10.000€ mat heem.
D'Lucie an de Joseph, déi zesumme mam Olivier Catani (RTL) d'Hosts vun "Take Off" wäerte sinn, hunn eis am Eldo-Interview verséchert, dass een definitiv keen Doktertitel brauch, fir bei der Show mat dobäi ze sinn:
«D’geet net drëms fir e Science-Genie ze sinn, dat brauch ee wierklech net. Mir sichen eigentlech Debrouillard-Leit, déi keng zwee lénker Hänn hunn, déi bësse kënnen out of the box denken an déi einfach wëlle Spaass hunn. Et geet eis hei nämlech haaptsächlech ëm de Spaass.» (Lucie Zeches & Joseph Rodesch, FNR)
Nach bis den 21. Mee kënnt dir iech fir de Casting mellen - hei fannt dir alleguer d'Informatiounen an den Online-Formulaire fir auszefëllen!