All zweeten Donneschde kritt de labbere Feierowend vum science.lu Team vum Fonds National de la Recherche eng Challenge gestallt!

Challenge 

Dem Chris seng Challenge: Du kriss e Rouer aus Plastik, en T-Stéck, Spillkaarten, e Geschoss an e Staubsauger. Bau doraus eng Bazooka a schéiss de Bechertuerm ëm!

De Joseph aus dem science.lu Team vum FNR erkläert:

Lauschtert hei dem Chris seng Challenge vun dëser Woch!

Léisungsversuch

Dem Chris säin Usaz....

Fir d'éischt huet et emol 10 Minutte gedauert bis ech gemierkt hunn, dass de Staubsauger d'Loft jo net erausbléist mee eranzitt...séier war mir dunn awer kloer, dass d'T-Stéck an dat grousst Rouer dra muss. Duerno hunn ech éierlech gesot einfach nëmmen e bësse ronderëm probéiert. D'Rouer mam T-Stéck hunn ech gehalen ewéi eng "Waff", de Staubsauger an dat ënnescht Lach gemaach an d'Kaart op dat hënnescht. Duerch Zoufall louch d'Geschoss virun der Mündung um Dësch. Wéi ech mat menger Konstruktioun méi no komm sinn, gouf d'Geschoss eragesaugt an ass geflunn.

Dat war schonn emol e gudden Ufank, elo hunn ech dat "just" nach eng Kéier misste reproduzéieren an de Bechertuerm treffen. No e puer Versich hunn ech gemierkt dass d'Geschoss ëmmer am T-Stéck hänke bliwwen ass. Esoubal d'Geschoss an d'Rouer eragesaugt gouf, hunn ech also missten de Staubsauger erauszéien, dass d'Geschoss duerchflitt.

Beim drëtten, erfollegräiche Versuch hunn ech dunn och endlech de Becherturem getraff!

Challenge: CHECK!

Opléisung 

De Joseph aus dem science.lu Team vum FNR huet d'Léisung!

Lauschtert hei d'Opléisung vum Joseph aus dem science.lu Team vum FNR!

Casting: Take Off - Science Challenge Show

Wann iech esou Challenges gefalen, dann interesséiert iech bestëmmt och déi nei Fernsee- a Web-Show "Take Off" vum Fonds National de la Recherche, déi am Januar 2024 lancéiert gëtt. Hei wäerten 12 Kandidat*innen tëschent 15 an 21 Joer géinteneen untrieden a Science-Challenges léisen. Am Ganze ginn et 13 Episoden, all Episod muss eng Persoun d’Show verloossen. D*e Gewënner*in hëllt 10.000€ mat heem.

D'Phase fir sech unzemellen ass eriwwer, ufanks Juni geet et lass mat de Castingen. Am August sollen dann déi éischt Episode gedréint ginn. Fir ëmmer um Lafenden ze bleiwen, followed gär d'Insta-Page vun der Take Off Show, op där dir ëmmer erëm interessant Ablécker an Experimenter ze gesi kritt.