Och wann et onméiglech kléngt gëtt et awer e ganz einfachen Trick. An domat ass net d'Ee kache gemengt.

D'Zil vum Experiment ass et déi haart Schuel vum Ee opzeléisen. Leet en Ee iwwer 24 Stonnen an den Esseg, dobäi léist sech nämlech de Kallek aus der Eeërschuel op. Et entsteet e Gas (CO2), wat een u klenge Blosen um Ee gesäit, an e Salz wat sech am Esseg opléist. D’Haut déi ënnert der Eeërschuel ass bleift intakt an hält dat réit Ee nach zesummen. Et kann een d'geschielte réit Ee an eng Luucht halen, da gesäit een doduerch. Vill Spaass beim nomaachen a schéin Ouschteren!

D'Michele Weber vum Science.lu-Team mat der Erklärung:

Lauschtert dem Michele seng Erklärung.

An extra fir Ouschteren huet d'Michele nach e puer Egg-Facts fir eis:

Hei nach e puer Egg-Facts

Kuckt hei de Video vum Science.lu-Team: