En Experiment mat deem een sech selwer am meeschten erstaunt.

Duerchféierung

Stree 1-2 Téiläffel Kanéil op d’Waasseruewerfläch an engem Glas Waasser. Wann’s De dann een oder e puer Fanger duerch de Kanéil an d’Glas zapps ginn dës net naass, well de Kanéil eng Schutzschicht ronderëm däi Fanger formt – änlech wéi eng Händsch.

Erklärung

D’Uewerflächespannung vum Waasser ass responsabel datt de Kanéil um Waasser schwëmmt a net direkt ënner geet. Am Kanéil sinn etheresch Uellecher déi sech net am Waasser léisen an ausserdeem ass d’Uewerfläch vum Kanéilpudder immens rau. Tëscht de Rille bleiwe kleng Loftblosen hänken, doduerch ass de Kanéil (fir e puer Minutten) waasserofweisend.

Vue datt eise Fanger och rau ass bleift de Kanéil och gutt drun hänken. Mat dem Kanéil drécke mer also och kleng Loftblose mat ënnert d’Waasser an dës Verhënneren datt d’Waasser bis un eis Haut erukënnt. Si bleift dréchen. Duerch d’Loftschicht déi ronderëm de Kanéil ass, gesäit een dat de Fanger glënnert.

Mat der Zäit quëllt de Kanéil awer op an e geet ënner.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Video: Linda Wampach (FNR)

D'Michele Weber vum Science.lu-Team mat der Erklärung:

 

Usesch kann een all Géigestand benotze fir den Test, awer mat der Hand oder mam Fanger ass et am Einfachsten:

Deen Effekt begéine mer och am Alldag: