D’Michèle vu science.lu weist der Morningshow, wéi een aus engem Milkshake an 10 Minutten eng Glace kritt.

Duerchféierung

Du brauchs heifir Äiswierfelen (besser nach crushed ice) a grafft Salz. D’Salz léist d’Äis zwar schmëlzen, mee déi flësseg Salz-Äismëschung killt awer bei dësem Schmëlzen of, sou datt een eng Flëssegkeet kritt, déi e puer grad ënner Null ass. Fëll Däi Shake elo an eng Zip-Tut an da kills de dës Tut an der Äis-Salz-Mëschung e puer Minutten of, bis de Shake zu enger Glace gëtt. Du kanns dofir deng Äis-Salz-Mëschung an deng Zip-Tut entweder an eng eidel Chips-Dous oder a méi eng grouss Zip-Tut maachen. Wichteg: dat Ganzt muss wärend dem Fréiere gerëselt ginn, well nëmmen sou entstinn déi richteg Zort Äis-Kristaller déi d’Glace schéi cremeg maachen. Gudden Appetit! Vill Spaass beim Nomaachen!

D'Michele Weber vum Science.lu-Team mat der Erklärung: