D’Michèle vu science.lu weist der Morningshow am Experiment vun haut wéi een e Glas Waasser op d’Kopp dréint ouni datt et ausleeft.

Duerchféierung

Leet e Kartong op e Glas, an dréint d’Glas mam Kartong virsiichteg ëm a loosst de Kartong duerno lues lass. Dobäi leeft ganz e bësse Waasser aus wouduerch e klengen Ënnerdrock an der Loft iwwert dem Waasser entsteet. Elo versicht d’Waasser aus dem Glas zwar den Deckel no ënnen ze drécke mee baussen dréckt de Loftdrock op d’Glas an deen ass méi staark. Réischt wann eist Glas 10 meter héisch wier, géif d’Experiment net méi funktionéiere well dann den Drock vum Waasser t'selwecht grouss wier. D’Waasser verschléisst ausserdeem d’Verbindung mam Kartong an doduerch ka keng Loft erastréimen – dës Verbindung ass awer net ganz fest- wann een ze vill rëselt da gëtt een naass…
Vill Spaass beim Nomaachen!

D'Michele Weber vum Science.lu-Team mat der Erklärung: