Dëst Experiment däerf net vu Kanner duerchgeféiert ginn. Et besteet Verbrennungs- a Feiergefor.

Material

1x PET-Fläsch
1x Brennspiritus
1x Briquet

Duerchféierung

Et schëtt een ongeféier 1 Téiläffel Brennspiritus an eng eidel PET- Fläsch. Duerno mécht een d'Alkoholfläsch zou an et stellt een se op d'Säit. Dann hëlt een d'PET-Fläsch, hält se mat der Hand zou, a rëselt se esou laang bis den Alkohol gréisstendeels verdämpt ass. Duerno stellt een d'Plastiksfläsch op den Dësch mat der Ëffnung no uewen, an zünt den Alkohol-Loftmix mam Briquet un. Dëse verbrennt an der Fläsch mat enger bloelzeger Flam. Soubal d'Flam ausgaangen ass kann een d'flaach Hand op d'Ëffnung vun der Fläsch leen. Dobäi saugt sech d'Fläsch un der Hand fest an d'Wänn zéien sech zesummen.

Erklärung 

D'Feier an der Fläsch erhëtzt de Loftraum bannen an der Fläsch extrem staark. Beim erhëtzen deent sech d'Loft bannen aus. D'Loft brauch méi Platz an e groussen Deel vun de Loftdeelercher trëtt aus der Fläsch aus. Wann d'Flam bis aus ass, killt d'Loft bannen direkt erëm of an zitt sech nees zesummen. Déi selwecht Unzuel u Loftdeelercher déi virdrun ausgetruede sinn, géifen nees an d'Fläsch gesaugt ginn. Wann genau an dem Moment d'Fläsch mat der Hand zougehale gëtt, ka keng Loft ugezu ginn. Doduerch entsteet en Deelvakuum an d'Wänn vun der Fläsch zéie sech zesummen. Bei der Verbrennung entsteet ausserdeem Waasserdamp, an dëse kondenséiert beim Ofkillen a Waasserdrëpsen entstinn. Dat féiert zu engem zousätzlechen Ënnerdrock.

Autor: Joseph Rodesch (FNR) 

Editeur: Lucie Zeches (FNR)

De Mister Science vum Science.lu-Team mat der Erklärung:

Lauschtert eran!