En einfacht Experiment mat engem zimmlech coole visuellen Effekt!

Material

1x Glas
Waasser
Sonneblummenueleg
Liewensmëttelfaarf
1x Brausetablett

Duerchféierung

Fëll e Glas mat Waasser, ongeféier 2 Fanger héich. Gëff duerno e puer Drëpse Liewensmëttelfaarf dobäi. Schëtt duerno de Sonneblummenueleg dobäi. Looss heifir den Ueleg lues laanscht d'Wand vum Glas ralafen. D'gefierfte Waasser an den Ueleg vermëschen sech net. Den Ueleg bléift ëmmer uewen.

Lo kann een eng Brausetablett oder nëmmen eng hallef an d'Glas fale loossen. D'Waasser fänkt no engem kuerze Moment u mat spruddelen. Faarweg Waasserblose klammen an d'Luucht a falen duerno rëm op de Grond.

Tipp: Benotzt net ze vill Brausetabletten, net datt d'Mëschung iwwerleeft.

Erklärung 

Den Ueleg schwëmmt iwwert dem faarwege Waasser well Ueleg méi liicht ass wéi Waasser. E Wëssenschaftler géif soen datt den Ueleg eng manner grouss Dichte huet wéi d'Waasser. An Ueleg a Waasser vermëschen sech net. Zwee Waasserdeelercher zéie sech un a verdrängen den Ueleg dotëscht. Uelegdeelercher zéie sech ënnerteneen och liicht un, tëscht Waasser an Ueleg gëtt et awer keng Unzéiung.
D'Brausetablett enthalen eng Saier an Natriumhydrogencarbonat (Natron, Bestanddeel vu Baackpolver).Dëst léist sech a Waasser op, reagéiere mateneen an et entsteet ënnert anerem d'Gas CO2. D'Bestanddeeler vun der Brausetablett sinn am Ueleg net léislech a reagéieren dowéinst och net mam Ueleg.

Déi kleng Gasblose klammen am Glas no uewen an zéien dat faarwegt Waasser mat sech. Soubal d'Gasblosen un der Uewerfläch sinn, platzen dës, d'Gas kënnt eraus, an d'faarwegt Waasser geet erëm duerch den Ueleg no ënnen.

Et kann een ënnert d'Glas eng Täscheluucht halen, fir nach e méi coole visuellen Effekt.

De Mister Science vum Science.lu-Team mat der Erklärung:

Lauschtert eran!

Dëst ass awer net de Prinzip vun enger richteger Lava-Luucht:

De Mister Science mat der Erklärung.