Bei dësem Experiment kann e sech froen: Ass dat Wëssenschaft oder Magie?

Material

1x Apel
1x Hummer
1x Messer

Duerchféierung

Et pickt een d'Spëtzt vum Messer duerch en Apel. Duerno schléit e mam Hummer op d'Messer. Wandert den Apel elo d'Messer erop? Oder wéi kann e sech dëst Experiment erklären?

De Mister Science vum Science.lu-Team mat der Erklärung:

Lauschtert eran!