Fir dëst Experiment brauch e ganz wéineg Material an trotzdeem ass d'Resultat zimmlech cool!

Material

  • 1 Téisäckelchen
  • 1 Briquet

Duerchféierung

Et hëlt een 1 Téisäckelchen. Dëse schneit een da virsiichteg op an et hëlt een den Téi raus a schneit d'Etikett erof. Esou bleift just den Téisäckelchen iwwreg. Faalt een deen auserneen, da gëtt dat e längelzegen Zylinder. Dëse riicht een Héichkanteg op, a fänkt en da vun uewe mat engem Briquet un! Den Téisäckelche brennt of, bis zu engem Punkt wou dësen ofhieft an an d'Luucht flitt, hier e komplett verbrennt.

Erklärung

Wärend den Téisäckelche verbrennt, diebelt sech d'Äschennetz no bannen a mécht déi iewescht Ëffnung zou. Déi waarm Loft am Téisäckelchen ass méi liicht wéi déi kal a klëmmt an d'Luucht. Doduerch datt d'Ëffnung uewen zou ass, kann déi waarm Loft net entwëschen. Well de verbrannten Téisäckelchen esou liicht ass, dréit dës en einfach no uewen an e flitt, änlech wéi en "Heissluftballon".

D'Michèle Weber vum Science.lu-Team mat der Erklärung:

Lauschtert eran!