An dësem Experiment maache mir e Glas mat Hëllef vu Sonneblummenueleg onsiichtbar.

Material

  • 1 klenge Glasbehälter
  • 1 grousse Glasbehälter
  • Sonneblummenueleg

Duerchféierung

Fëllt dat grousst Glas mat Sonneblummenueleg. Duerno dat klengt Glas einfach an dat grousst tauchen an e gesäit een et bal net méi.

Erklärung

Mir gesinn duerchsiichteg Géigestänn oder Géigestänn ouni Faarf, well sech Liicht a Glas net sou séier beweegt.  An der Loft beweegt sech d'Liicht mat e bësse méi wéi 1 Milliard Kilometer pro Stonn, an am Glas kann et bis op d'Hallschent ofgebremst ginn.  Duerch déi ënnerschiddlech Liichtgeschwindegkeeten a Loft a Glas entsti Spigelungen, an Biller déi een duerch d'Glas gesäit kënne verzerrt sinn.  Dowéinst kënne mir Glas gesinn, och wann et immens propper ass. Soss gesi mer esou oder sou ganz einfach den Dréck um Glas.

Am Sonneblummenueleg beweegt sech d'Liicht ongeféier esou séier wéi am Glas. Dofir mécht et fir d'Liicht keen Ënnerscheed ob et sech duerch Glas oder den Ueleg beweegt. Et entsti keng Spigelungen oder Verzerrungen. Well sech d'Liicht awer an der Reegel net exakt d'selwecht am Ueleg an am Glas beweegt, kann ee wann e genau hikuckt, liicht d'Konturen erkennen.

Lauschtert eran!

Tipps

Et kann e mat verschiddenen Zorte vu Sonneblummenueleg probéieren. Et ka sinn dat eng Zort méi oder manner gutt funktionéiert.

Et kann een och Glyzerin aus der Apdikt benotzen. Dëst huet de Virdeel datt et komplett ouni Faarf ass.

Probéiert och verschidde Glasbehälter aus. Verschiddener "verschwanne" besser wéi anerer. Esou zum Beispill feierfest Glas.

Macht d'Experiment op enger Plaz wou et net schlëmm ass wann puer Drëpse Sonneblummenueleg kënnen erof drëpsen. Halt dofir am beschten och Kichepabeier prett.

Wéiee Glas funktionnéiert besser?