
© Eldoradio
Op 1 Liewensmëttel soll e beim Safer Sex verzichten. Dëse léist nämlech de Kondom op.
Hätt dir gewosst datt een op kee Fall eng Orange virum Sex iesse soll? Wëll e sech nämlech mat engem Kondom schützen, kann d'Orange dësen opléisen. Mir maachen d'Experiment!
Material
- 1 Orange
- 1 Kondom
Duerchféierung
Et hëlt een e Kondom, bléist dësen ob, a mécht dann e Knuet dran. Duerno schielt een eng Orange, hëlt een Deel vun der Schuel an dréckt dës iwwert dem Kondom aus. No nëmmen e puer Sekonne platzt de Kondom dann.
Erklärung
An der Schuel vun der Orange sinn Doftstoffer, esou och de Limonene. Dësen ass e Léisungsstoff fir Latex. Wann een d'Orangeschuel um Kondom ausdréckt da frësst sech de Limonene duerch de Latex. Doduerch platzt dësen. De Limonene ass och fir den typeschen Orangegeroch verantwortlech deen eis direkt u Chrëschtdag denke léisst.