
© Eldoradio
Mat dësem Experiment kënnt dir är Famill a Kolleegen an der Chrëschtdagszäit beandrocken!
Opgepasst, dëst Experiment just ënnert der Opsiicht vun enger erwuessener Persoun machen.
Material
- 1 Orange
- 1 Käerz
Duerchféierung
Et schielt een virsiichteg e grousst Stéck Orangëschuel vun der Orange. Da kann een d'Stéck Schuel op d'brennend Käerz riichten an dës impulsiv an aus e puer Zantimer Distanz zerdrécken. E klenge Feierball entsteet dann. Wann een dëse Virgang e puer mol widderhëlt entsteet en agreabelen Doft.
Erklärung
An der Schuel vun der Orange si brennbar etheresch Ueleger, wéi zum Beispill de Limonene. Beim Zerdrécke platzen Zellen an den Ueleg sprëtzt a Richtung Flam. Déi Uelegsprëtzer provozéieren de Feierball oder wéinstens Fonken.
Vill Spaass beim Testen a schéi Feierdeeg.