Grillen ass eng gutt Occasioun fir Zäit mat Famill a Frënn ze verbréngen. Kann een de BBQ dann elo iwwerall uschmäissen?

Lauschtert eran

Ënnert den Europäer sinn et effektiv mir Lëtzebuerger, déi mat am meeschte grillen. Virun allem am Verglach mat eisen Nopeschlänner.

Ausserhalb vun de Covid-Mesurë gëtt et zu Lëtzebuerg awer amfong kee Gesetz, dat de BBQ reegelt.

Wann Dir bei Iech am Gaart oder op der Terrass wëllt grillen, gëtt et eigentlech keng streng Reegelen, ausser déi, déi eventuell am Règlement de copropriété oder am Bail stinn. An dësem Fall ass gesonde Mënscheverstand gefrot. Respektéiert är Noperen an iwwerdreift et net. Virun allem wann dir all Dag den Haff volldämpt, musst dir mat pickege Kommentare rechnen.

Wat d’Grillen ausserhalb vun de Stied betrëfft, steet näischt Prezises an de Gemengereglementer.

Op nationalem Niveau muss een awer op déi sanitär Risiken a Bränn oppassen. Gréisser Feier si verbueden, dat preziséiert den Ëmweltministère. D’Onbequeemlechkeeten duerch den Damp kënnen eventuell zu enger Geldstrof féieren, mee net zu enger Geriichtsaffär. Sanitär gesi preziséiert d’Reglement , dass et verbueden ass, Äschen an d’Séien ze geheien.

Ma ganz éierlech, amplaz sech de Kapp doriwwer ze zerbriechen, wou een zu Lëtzebuerg iwwerhaapt grille kann, muss drun erënnert ginn, wéi vill schéi Plazen et ronderëm d’Séien zu Lëtzebuerg gi wou ee gären iwwerall säi BBQ dierf auspaken. Sief et beim Stauséi Uewersauer, zu Iechternach oder Rëmerschen. Do ass fir jiddereen eppes dobäi - vu méi rouegen Ecker, bis Plaze wou bei guddem Wieder vill lass ass.

Am Mëllerdall ginn et esouguer eng Dose Picknicksplaze mat installéiertem BBQ. Also eng flott Aart a Weis fir vum schéine Wieder ze profitéieren.