Den eBike ass an deene leschte Joren ëmmer méi populär ginn, och zu Lëtzebuerg. Ma op wat muss ee beim eBike oppassen?

Lauschtert eran

Elo am Summer klamme vill Leit op de Vëlo. Wéinst dem gudde Wieder a fir de ganze Stau ze evitéieren. An firwat net op en elektreschen? Deen huet praktesch nëmme Virdeeler - virun allem gëtt een net esou séier midd. Ma Oppassen, ganz ouni Pedalléiere geet et net. De Motor ass just eng Hëllef a stoppt och bei 25 km/h.

Ma wéi ënnerscheeden ech tëscht engem eBike vu 500 an engem vu 4000 Euro? Méi etabléiert an deier Marke bidden de Virdeel, dass de Vëlo dacks méi laang hält. Och ass hei dacks de Suivi vun der Prise en Charge a verfügbar Ersatzdeeler garantéiert.  Passt är Wiel och ärem Besoin un. En eBike fir d'Stad ass net geduecht fir Ausflich um Land.

Oppasse bei de Batterien. Hei handelt et sech bei deene meeschten ëm eng Lithium-Technologie. Se brauch an der Moyenne ongeféier zwou Stonne fir zu 80 % opgelueden ze sinn. Ma et ginn enorm Ënnerscheeder bei der Qualitéit. Et gëtt dacks vill versprach ma d'Lafzäit variéiert jee no Gewiicht vun der Persoun oder der Heefegkeet vum Gebrauch. Dann ass den eBike mat enger Moyenne vu 24 Kilo och relativ schwéier. Ouni Batterie gëtt e Bierf also zum Deel schwéier. Dann ass en natierlech e beléiften Zil vun Déiwen. Parkt en do, wou keen e gesäit. An wa méiglech: Huelt d’Batterie erof. Eleng déi ass immens deier.

Ma grousse Virdeel bleift d'Prime, déi ee vun der Regierung beim Kaf vun engem eBike zougesprach kritt. Verschidde Gemenge leeën esouguer nach eppes drop.