Seng eegen Tomaten ze iessen, déi ee selwer ugebaut huet, huet definitiv säi Charme. Mee wat maachen, wann een an enger Stad an engem Appartement wunnt?

Lauschtert eran

Wat d'Deeg méi schéi ginn, wat ee méi Loscht op frësch, natierlech Produkter kritt. An da muss een sech agestoen, datt, wann ee sech ëm d'Ëmwelt suergt, a Plastik verpaakten Uebst a Geméis net formidabel ass! Et kënnt nach derbäi, datt éier et agepaakt gouf, et oft a Frigoen transportéiert an ouni Sonn gewuess ass!

Dofir ginn et ëmmer méi Leit, déi hiren eegene Geméisgaart wëllen hunn. E klenge geet schonn duer, fir e bëssen Uebst a Geméis wuessen ze loossen. Vill Leit hu Gäert, mee wéi mécht een dat, wann een an engem Appartement wunnt?

Wousst Dir schonn, datt et Gemeinschaftsgäert ginn, wou Dir Är eege Parzell kënnt lounen an deen Dir mat Frënn an aneren Amateuren deelt? Zënter 2013 gëtt de Gaardeprojet vun der Regierung an der Stad Lëtzebuerg verfollegt, deen de Bewunner vum Quartier, Gäert zur Verfügung stellt. Haut ginn et der zu Bouneweg-Kaltreis um Lampertsbierg, am Pafendall, am Grond an am Garer Quartier/Uewerstad. An et kommen der nach derbäi...

Si ginn zur Verfügung gestallt a vun de Piechter no streng ekologesche Krittären ugebaut a bewirtschaft, dat heescht ouni Pestiziden, cheemesch Düngeren oder genetesch manipuléiert Organismen.

Zudeem offréiert d'Stad de Gäertner a Gäertnerinne Formatioune wärend dem ganze Joer iwwer ekologesche Gaardenubau. Déi, déi an hirem éischte Joer sinn, gi vun engem Moderator, dee vun der Stad Lëtzebuerg engagéiert ass, begleet.

Mir hunn Iech hei d'Beispill vun der Stad genannt, mee dat selwecht gëtt et och zu Esch, zu Diddeleng, zu Déifferdeng,...

Well déi meescht Gebaier platt an ongenotzten Diech hunn, huet d'Regierung och eng Serie u Projeten am Land fir den Ausbau vu Gemeinschaftsgäert op Diech lancéiert. Dat ass lauter benotzbar, hell Plaz, déi héich genuch ass, fir net vu Verschmotzung betraff ze sinn.

Wann ee seng Planze richteg auswielt an net probéiert, einfach mol esou Melounen, Mangoen oder Banannen ze ziichten, kann ee séier seng Freed drun hunn. Tomaten, Courgetten, Muerten, Bounen, Äerdbier, fir der nëmmen e puer ze nennen, sinn un d'Klima adaptéiert an zefridde mat Sonn, Waasser an e bësse Fleeg! D'Gewierzkraider fille sech och iwwerall wuel!

E gutt positionéierte Balcon leescht natierlech och gutt Déngschter, fir e Geméisgaart unzeleeën! Am Prinzip kënnen all Zorte Geméis, all Kraider a Gewierzer an enger bësse méi héijer Jardinière ugeplanzt ginn. Mee wann ee Planzenzorten auswielt, muss ee gutt berechnen, wéi kräfteg a wéi héich se wuessen. Passt op d'Courgetten op, déi esou séier a kräfteg wuessen, datt si all déi aner Planze gär erstécken!

Planze sinn ewéi d'Leit. Verschiddener verstinn sech, anerer net! Tomate verstinn sech gutt mat Muerten, Péiterséileg an Zelleri... mee iwwerhaapt net mat Gromperen a Fenschel! Denkt dorun!

Kuerz gesot: Et kann een am Gemeinschaftsgaart, um Daach vun engem Gebai, op enger Terrass oder engem Balcon iwwerall säin Uebst a säi Geméis zillen, a mir hunn all iergendwou e Gaart deen op eis waart! Formidabel, gell!