An der Vakanz hu vill Leit d'Tendenz de Budget aus den Aen ze verléieren. Mir verroden iech wéi der dat vermeide kënnt.

Lauschtert eran

Fir d'éischt emol, wann een net wëll, datt d'Vakanz de Budget, deen ee virgesinn hat, sprengt, sollt ee sech den Terrain virdru gutt ukucken. Maacht kee Vakanzebudget, mee maacht e Budget a Funktioun vun Ärer Vakanz. E Budget ass ewéi eng Wallis. Dir paakt Är Wallis och anescht an, jee nodeem wou Dir higitt, a wat Dir do wëllt maachen! Wou gitt Dir hin? Hutt Dir wëlles, vill Saache kucken ze goen oder leet Dir Iech léiwer gemittlech an e Ligestull? Entscheet Dir Iech fir eng Formule mat Hallef- oder Vollpensioun?

An alle Fäll gëllt: Wat Är Choixe méi prezis sinn, wat och Äre Vakanzebudget méi zouverléisseg gëtt.

D'Haapttransportmëttel ass am Prinzip am einfachsten ze geréieren, well Dir dat am Allgemengen e puer Wochen oder Méint am Viraus plangt. Et hëlt ongeféier 5 bis 20% vun de Käschte vun enger Vakanz an Usproch, mee heibäi kann ee keng grouss Iwwerschreidunge maachen. Mee duerno ass et och wichteg, sech iwwer d'Käschte fir de lokalen Transport ze informéieren. Wéi vill kascht en Transfert vum Flughafen? Wéi vill en Trajet mam Bus oder mam Zuch op der Plaz? Glécklecherweis ginn et vill Rees-Sitten, déi Iech hëllefen, dat erauszefannen. Et ass wichteg, Iech do ze informéieren, wann Dir keng schlecht Iwwerraschunge wëllt hunn... oder net wëllt ugeschmiert ginn!

D'Iwwernuechtung ass oft déi gréissten Ausgab wärend engem Openthalt. Et muss ee sech gutt renseignéieren, wéi eng Zort Iwwernuechtung et ass an erausfannen, wat abegraff ass a wat net. Gitt Uecht, bei Iwwerraschungen, z. B. wa Supplementen net abegraff sinn, ewéi Wi-Fi, Botzen, Verlounung vu verschiddene Saachen, Zougang zur Piscine, asw. Denkt och drun, d'Iwwernuechtungstax, déi am Fong fälleg gëtt, esoubal Dir op der Plaz ukommt, an Äre Vakanzebudget mat anzerechnen.

Wann an der Iwwernuechtung keng Vollpensioun enthalen ass, musst Dir natierlech fir Iessensausgaben e provisoresche Budget erstellen. Jee nom ausgewielten Arrangement, kann dëse Budget bis zu 15% vun de gesamten Openthaltskäschte bedroen. Vergiesst net, datt d'Kapazitéite fir Iesswueren ze stockéieren an d'Kichegeschier op der Plaz net déi selwecht sinn, ewéi doheem. Oft ass et net méiglech, grouss Quantitéiten anzekafe fir d'Käschten ze senken. Zudeem sinn d'Präisser an den Touristegéigenden oft vill méi héich. Ausser Dir huelt e puer Basisprodukter mat, musst Dir sämtlech Basisingredienten, déi Dir braucht, nei kafen (Salz, Ueleg, asw.).

Wann dat bis alles opgeschriwwen, ageschat a chiffréiert ass, da komme mer endlech bei déi eigentlech Vakanz! Wann Dir nëmme wëllt hin an zeréck op d'Plage goen, braucht Dir warscheinlech nëmmen e bescheidene Budget. Denkt trotzdeem u Waasserfläschen a Sonnecrème... Mee wann Dir gär méi erlieft, Visitten a sportlech Aktivitéite maacht an all Owend erausgitt, da musst Dir oppassen. An do gëtt et kee Wonnermëttel, dat muss een opschreiwen. Et gi vill Appen, wou Dir kënnt mat engem Klick Är gesammelt Ausgaben iwwerwaachen. Esou wësst Dir, wéini Dir musst bei de Rafting-Toure bremsen, déi flott ma vill ze deier Baren oder déi zwanghaft Muséesvisitten ausloossen. Mee ouni dobäi Monni Dagobert ze spillen! Verschidden Appe vereinfachen och d'Gestioun vun den Ausgaben, wann ee mat Frënn fortfiert, well d'Sue liicht kéinten zu enger Spannungs- a Konfliktquell ginn.

Fir Extraen an Distraktioune bitt et sech och un, boer Suen an eng Enveloppe ze maachen, déi fir Aktivitéite reservéiert ass. Esou kann een direkt gesinn, wat een ausgëtt a wat nach bis zum Schluss vun der Vakanz iwwreg bleift, fir sech eng Freed ze maachen, ouni sech vill Gedanke maachen ze mussen.

Well et geet jo net drëm fir kuuschteg ze sinn, mee fir voll a ganz vun der Vakanz ze profitéieren a schonn déi nächst Vakanz ze preparéieren!