
© Pexels
Eleng ze liewen huet duerchaus Virdeeler ma awer och Nodeeler. Wann een dat Finanziellt kuckt kann ee sech elo froe wat méi rentabel ass?
Besser räich a gesond ewéi aarm a krank, seet d'Spréchwuert. An et kéint een nach derbäi soen: Besser als Koppel liewen ewéi eleng... aus reng wirtschaftlecher Siicht, wuel verstanen. Well d'Fakte soen et: wann een d'Liewe mat engem Partner oder enger Partnerin deelt, well ee bestuet, gepacst oder an enger Partnerschaft ass, verbessert sech de Liewensstandard vu béiden Haushaltsmemberen. Et kléngt sécher net romantesch, mee als Koppel kann ee vill Sue spueren. Et deelt een déi selwecht Wunneng, déi selwecht Miwwelen, déi selwecht Tëlee, de selwechte Frigo... dat ka vill Wäert sinn! Ausserdeem, wann d'Koppel hir Partnerschaft op der Gemeng an där si wunnt, deklaréiert, ass d'Besteierung méi virdeelhaft ewéi vun zwee Singlen, och ouni Kanner. Dat ass scho mol gewonnen, verglach mam Liewen eleng. Bei gläiche Revenuen, ass de Liewensstandard vun enger Koppel 1,5 Mol esou héich ewéi dee vun zwee Singlen.
Ausser datt d'Fraisen duerch zwee gedeelt ginn, spillt och nach de logesche Phenomen vun der privater Ëmverdeelung eng Roll, dat heescht, d'Tatsaach, datt bannent der Koppel, déi finanziell Ressource gemeinsam genotzt ginn. Dës Ëmverdeelung erméiglecht Koppelen, méi en héije Liewensstandard ewéi Singlen ze erreechen.
Och wann eng Koppel oft méi eng grouss Wunneng brauch, de Präis vum Loyer ass pro Persoun gerechent, manner héich ewéi fir e Single, deen eleng lieft. A mir schwätzen hei net vu klengen Zommen: Wunnen zu Lëtzebuerg kascht deier, ob ee wëll kafen oder einfach lounen. Ausserdeem erhéicht d'Liewen als Koppel d'Chancen, duerch Hëllefen a Prêten, Zougang zu engem Logement ze kréien!
Nëmmen eleng dat, ouni d'Niewekäschte mat anzerechnen. Well, ob een eleng oder zu zwee ass, d'Heizungskäschte sinn am Fong déi selwecht. Ob Dir eleng oder zu méi den Internet an de Kabeluschloss benotzt, hutt Dir awer just pro Mount eng Rechnung ze bezuelen.
Wat den Transport ugeet, spuert eng Koppel och Suen, wa si nëmmen een Auto huet, besonnesch doduerch, well d'Käschte fir d'Uschafung, de Prêt oder d'Assurance gedeelt ginn.
Et géif een zwar mengen, datt een zu zwee méi Sue fir d'Iessen ausgëtt, well zwee Leit musse sat ginn amplaz just een, ma dat ass net ganz richteg. Pro Persoun kascht den deeglechen Akafskuerf vun engem, deen eleng lieft, pro Dag 20% méi deier, ewéi dee vun enger Famill vu Véier. A wann een unhëlt, datt eng Eenzelpersoun d'Tendenz huet, wéinst hirem Sozialliewe méi oft an de Restaurant ze goen, erhéicht sech nach eng Kéier de monatleche Budget vun engem Single.
Mir schwätzen net vu Reesen, Iwwernuechtungen, Croisièren oder flott Weekender! Eng Enquête vun der UFC bei 17 internationalen Acteuren am Tourismus huet gewisen, datt eng Eenzelpersoun an der Moyenne 53% méi bezuelt ewéi eng Koppel fir déi selwecht Prestatiounen.
Mee sidd Iech bewosst, datt d'Liewen als Koppel net all Dag roseg ass! A bedenkt och, datt eent vun den Haaptthemen iwwer déi gestridde ginn, virun allem d'Sue sinn! Profitéiert also vum Liewen - Erspuernesser hin oder hier!