
© ING
Fänkt een op enger neier Aarbecht un, da kritt ee mol fir d'éischt eng Proufzäit. D'Fro ass elo wéi dat genau funktionéiert?
Fir d'éischt emol, fir wat ass eng Proufzäit gutt? Et däerf een net vergiessen, datt se souwuel fir de Patron ewéi och fir den Employé gutt ass. Si gëtt dem Patron d'Méiglechkeet, d'Kompetenze vum Salarié ze evaluéieren, ze kucken, ob e seng Aarbecht gutt mécht, mee si gëtt och dem Salarié d'Méiglechkeet erauszefannen, ob d'Aarbecht him zouseet. Si wierkt a béid Richtungen, well si béide Parteien erlaabt, sech kennen ze léieren.
D'Proufzäit ass esouwuel uwendbar op e befristen ewéi och op en onbefristen Aarbechtsvertrag, de faméisen CDI. Si muss schrëftlech am Aarbechtsvertrag vermierkt sinn a ganz um Ufank vun der Aarbechtsrelatioun ufänken. Et gëtt also keng "Iwwerraschungs‑Proufzäit"! Jidderee muss genau wëssen, wou en drun ass.
Dir hutt vu Proufzäiten héieren, déi bis zu 6 Méint goe kënnen... Ass dat net e bësse laang? Am Fong net, dat ass eng normal Dauer. D'Proufzäit kann net manner ewéi 2 Wochen an net méi ewéi 6 Méint daueren. A verschiddene Fäll kann eng laang Dauer Virdeeler hunn. Op techneschen oder komplexe Posten, wou ee méi e laange Léierprozess duerchmaache muss, verginn d'Méint méi séier an eng méi laang Proufzäit ass am Interêt vun alle Bedeelegten. E Salarié ka seng Kompetenzen ënnert beschte Bedéngungen entwéckelen a sech besser an d'Entreprise integréieren!
Wärend der Proufzäit kann de Salarié natierlech och kënnegen oder entlooss ginn. Do och, keng Panik! Et wierkt a béid Richtungen. De Salarié kann och fannen, datt d'Aarbecht him net zouseet oder d'Ambiance an der Entreprise deemno ass, datt e besser huet, ze goen. Eng Kënnegung muss per Recommandé geschéckt ginn. D'Kënnegungsfrist fänkt un den Dag nodeem de Kënnegungsbréif ofgeschéckt gouf, dat heescht, den Dag nom Datum, deen um Poststempel vum Kënnegungsbréif steet.
Den Aarbechtsvertrag kann awer net wärend den zwou éischte Woche vun der Proufzäit gekënnegt ginn (ausser bei enger Faute grave vum Patron oder vum Employé). Zousätzlech musse béid Parteien eng Kënnegungsfrist respektéieren. D'Kënnegungsfrist huet an dësem Fall genau esou vill Deeg ewéi d'Proufzäit Wochen dauert. Beispill: 4 Woche Proufzäit = 4 Woche Kënnegungsfrist.
A verschiddene Fäll kann d'Proufzäit geännert ginn. Wann e Salarié wärend der Proufzäit krank ass, kann dës ëm d'Zäit vun der Absence verlängert ginn. Ma si kann awer nëmmen héchstens ëm 1 Mount verlängert ginn, och wann d'Krankheet méi laang dauert.
Wann Dir schonn e CDD mat Proufzäit hat an direkt duerno mat engem CDI beim selwechte Patron agestallt gitt, braucht Dir net nach eng nei Proufzäit ze absolvéiert.
Eng Proufzäit ass allerdéngs net obligatoresch... mee si ass och net verlängerbar! Et ass um Salarié fir vun dëser Zäit ze profitéieren an ze beweisen, datt e fir de Poste gemaach ass. Mee et ass och um Patron ze beweisen, datt seng Entreprise eng éischtklasseg Aarbechtsplaz ass, wou ee gutt ka schaffen a seng Fäegkeeten entwéckelen.