De Wee op d'Aarbecht gehéiert fest zu eisem Alldag dozou. Mee wéi een Transportmëttel ass dat Richtegt fir séier un d'Zil ze kommen.

Auto, Bus oder Tram, wat ass am prakteschste fir schaffen ze fueren?
De Statistiken no ass Lëtzebuerg eent vun de Länner, wou den Undeel un Autoe staark erhéicht ass par Rapport zur Awunnerzuel. Dës Entwécklung wäert sech nach am Laf vun de Jore beschleunegen. Fir ze verhënneren, datt een Zäit am Stau verbréngt oder nach weider zur Ëmweltverschmotzung bäidréit, ginn et aner Mëttele fir sech zu Lëtzebuerg ze deplacéieren.

Wéi vill aner europäesch Haaptstied, ass Lëtzebuerg eng Stad, déi gutt un den ëffentlechen Transport ugebonnen ass. Déi kleng Gréisst ass dobäi wierklech vu Virdeel, well vill Zuch- a Buslinnen d'Stad ufueren, op klengen Distanzen oder iwwer d'Haaptstad eraus. Allgemeng ass de Lëtzebuerger Transportsystem gutt organiséiert an de Reseau vum ëffentlechen Transport ass gutt entwéckelt.

Lauschtert hei eran!

Lëtzebuerg ass iwwregens Virreider am ëffentlechen Transport. Et ass dat éischt Land op der Welt, wat op sengem ganzen Territoire den ëffentlechen Transport komplett gratis ubitt.
D'Benotze vu Bus an Tram an esouguer vum Zuch ass also komplett gratis.

Wat den Zuch ubelaangt, huet Lëtzebuerg e wäit ausgebautent Schinnennetz vun 274 Kilometer, woumat ee kann tëschent ville grousse Stied an Uertschaften zirkuléieren.
Déi ëmleiend Grenzstied sinn och gutt ugebonnen: Souwuel an der Belsch, an Däitschland an a Frankräich, fiert wärend de Stousszäite moies an owes all Véierelstonn en Zuch.

Wat de Bus ubelaangt, sinn net manner ewéi 342 Linnen uechter d'Land an an der Stad a Betrib. Et ass wierklech einfach, sech am ganze Land ze deplacéieren. D'Bussen hei zu Lëtzebuerg fuere reegelméisseg a pénktlech a sinn en zouverléissegt Fortbewegungsmëttel. Si gi geolokaliséiert, dat heescht, datt een an Echtzäit esouwuel op der spezieller App ewéi och op den Arrêten um Lafende gehale gëtt, wéini si ukommen

Zudeem bitt den Tram, deem säi Reseau reegelméisseg erweidert gëtt, eng bequeem Alternativ fir sech an der Stad fortzebeweegen. Well en op senger eegener Spuer fiert ass en ni vu Stau oder Verspéiderunge betraff! Säit senger Aféierung huet e grousse Succès.

Dir fannt um Site vun der Stad Lëtzebuerg an där vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten all Informatiounen an Neiegkeeten an Echtzäit.
Och wann dat berufflech Trajeten elo net betrëfft, erënneren ech drun, datt net manner ewéi 7 Nuetsbusser an der Stad nuets vu Freideg op Samschdeg a vu Samschdeg op Sonndeg bis ëm 3:30 Auer ënnerwee sinn! Flott, fir an e Restaurant, e Pub oder eng Disko ze goen, wann ee keng Parkplaz wëll sichen... oder wann een e bëssen ze vill gedronk huet!

An da gëtt et och nach de Vëlo! Gutt fir d'Gesondheet an ouni Ëmweltverschmotzung. D'Fortbeweegung um Vëlo gëtt staark gefërdert, well de Grand-Duché zielt ronn 600 Kilometer u Vëlospisten. An och wann Dir kee Vëlo hutt, gëtt et keng Excuse, well et ass méiglech a verschiddene Stied am Land, een ze lounen. D'Stad Lëtzebuerg an d'Stad Esch stellen och Vëloe bereet, déi Dir kënnt selwer ausléinen.

A wann Dir, trotz all de proposéierte Léisungen, awer net laascht den Auto kommt? Wann déi eenzeg Méiglechkeet ass, mam Auto op d'Schaff ze fueren, denkt u Car-Sharing. Ekologesch an ekonomesch. Et gi verschidden Online-Plattformen, wou een sech kann organiséieren a potenziell Matfuerer fannen. Flott fir d'Fraisen ze deelen... an och flott, fir nei Frënn ze fannen!