
© ING
Wësst dir, dass wann dir zu Lëtzebuerg schafft, äert Kand d'Recht op eng Studenteboursse huet?
Mat der Rentrée denkt een och méi konkret u Studium. Vläicht ginn Är Kanner geschwënn op d'Uni... Wësst Dir, datt wann Dir zu Lëtzebuerg schafft, Äert Kand d'Recht op eng Studentebourse huet? Eng generéis Bourse, déi richteg motivéiert!
Natierlech muss e Student fir d'éischt emol an engem Studium op enger Héichschoul ageschriwwe sinn, dee mat engem Diplom, engem Certificat oder enger Attestatioun de Reussite ofgeschloss gëtt. Hie muss och vun engem Elterendeel, deen hei zu Lëtzebuerg schafft, ofhängeg sinn.
Wann dat de Fall ass, huet hien Urecht op eng Bourse, déi sech a véier Deeler spléckt:
D'Basisbourse ass fir Studenten am éischten oder zweeten Zyklus, déi gewësse Krittären erfëllen (als Vollzäit- oder Deelzäitstudent ageschriwwe sinn, an enger unerkannter Formatioun ageschriwwe sinn, déi mat engem Ofschloss, Diplom oder Zertifikat ofschléisst, d'Formatioun muss tëschent 15 a 17 ECTS-Punkten opweisen oder de Student muss op d'mannst un der Hallschecht vun der Formatioun deelhuelen).
D'Mobilitéitsbourse ass fir Studenten, déi an engem Studium op enger Héichschoul an engem anere Land ageschriwwe sinn, ewéi do wou den Haushalt zu deem de Student gehéiert, säi Wunnsëtz huet, an hien den Noweis bréngt, datt hien d'Käschten, déi mat engem Loyer fir e Logement verbonne sinn, dréit.
D'Bourse op Basis vu Sozialkrittären huet e Montant, deen a Funktioun vun de Revenue vum Haushalt variéiert.
D'Familljebourse gëtt accordéiert, wann nach Kanner am Haushalt eng Bourse kréien. Dës Bourse gëtt nëmmen am Summersemester iwwerwisen.
Opgepasst bei den Delaien! D'Demandë mussen all Semester agereecht ginn, och wann de Student pro Joer ageschriwwen ass. Fir d'Wantersemester muss ee seng Demande tëschent dem 01.08 an dem 30.11, am Summersemester tëschent dem 01.01 an dem 30.04. areechen. D'Boursë gi fir e ganzt Schouljoer accordéiert. D'Berechnung, d'Ausbezuelung an d'Zouerkenne vun de Bourssen ass trimesteriell.
De Student ka wärend e puer Studiejore vu Boursë profitéieren. D'Studiendauer kann ëm 2 Semesteren déi offiziell virgesinn Dauer vum Studienzyklus, an deem hien ageschriwwen ass, iwwerschreiden. Dëst bedeit also, datt de Student kann e Joer dubléieren, ouni datt en d'Virdeeler vun enger finanzieller Hëllef verléiert.
Wann de Student an den Haushalt, zu deem hie gehéiert, seng Residence net zu Lëtzebuerg huet, muss hie fir d'éischt déi noutwendeg Demarchë maachen, fir eng finanziell Hëllef a sengem eegene Land ze kréien, éier hien eng Bourse zu Lëtzebuerg ufroe kann. Zéckt net, Iech ze informéieren!