Et ass Hiescht an et kann ee sech froen, wat dat bescht Mëttel ass, fir ze hëtzen? Wéi eent ass dat bëllegst? Dat ekologeschst? Dat effikasst?

Lauschtert eran

Ee vun de verbreetsten ass de Gas. Dëse Brennstoff bréngt Confort a spuert Suen an e muss net gelagert oder geliwwert ginn (et geet duer, un de Gasreseau ugeschloss ze sinn). D'Präis-Leeschtungs-Verhältnes ass hautdesdaags gutt an et ass en effikasst Hëtzmëttel. Dank der avancéierter Technologie ginn d'Gas-Chaudièrë méi a méi performant a verbrauchen net méi esou vill Energie. Et kann een also Sue spueren, andeem ee seng al Chaudière ersetzt. Eng Gas-Chaudière ass déi bëllegst Léisung am Verglach mat anere Chaudières-Typpen (Holz, Pellets oder Heizungsueleg).

De Favorit ass den Ament d'Pompe à chaleur. Et existéieren zwou Zorte vu Modeller, déi wäit verbreet sinn:

Aerothermie (Waasser/Loft) ass en ekologeschen an ekonomeschen Heizungssystem. Dës Léisung ass ganz leeschtungsstaark a ka bis zu 60 % aspueren. D'Installatiounskäschte sinn eng éischter grouss Investitioun, mee si kënne mat Hëllef vu finanziellen Zouschëss reduzéiert ginn.

D'Pompe à chaleur Loft/Loft verwandelt déi kal Loft a waarm Loft a verdeelt se an der Wunneng iwwer e Gebléis-Konvekter. Am Summer kann si och d'Wunneng bannenan ofkillen. D'Loft huet eng schwaach thermesch Inertie, wouduerch een d'Temperatur séier steigere kann, an dofir en Zëmmer séier hëtze kann. D'Loft huet awer eng Tendenz sech um Plaffong ze sammelen, woufir d'Verdeelung vun der Hëtzt net ëmmer optimal ass.

Dat bëllegst ass Holz. Et ass hautdesdaags ee vun de bëllegste Brennstoffer um Marché. Holz fënnt een a verschiddene Formen: Holzscheeter, Pellets oder Plaketten. E Pelletuewe ka kleng Flächen (vu bis zu 100 m²) hëtzen oder als Zousazheizung genotzt ginn. Net nëmmen ass esou en Uewen ekonomesch, programméierbar a stilvoll, ma en huet och e gutt Präis-Leeschtungs-Verhältnes.

Eng Pelletchaudière ka méi grouss Flächen hëtzen. Si gëtt un d'Zentralheizung ugeschloss. Zudeem brauch een e Silo, fir d'Pellets ze lageren. Si kombinéiert de Confort vun enger Holzheizung mat der einfacher Benotzung vun enger Chaudière.

Am Resumé, wann Dir e Gasuschloss hutt, ass et am Allgemengen am gënschtegsten dobäi ze bleiwen. Wann Dir Är al Gas-Chaudière duerch e Brennwäertkessel, deen sech besser reguléiere léisst, ersetzt, kritt Dir eng besser Leeschtung a spuert bis zu 30 % op Ärer Rechnung. D'Pompe à chaleur ass och nach eng ganz interessant Léisung. D'Installatioun kascht zwar deier, mee et ass eng ganz zouverléisseg an op laang Siicht ganz rentabel Léisung.