Chèque-Repase si wuel praktesch... Mee all Land huet do seng eege Reegelen. Wéi gi Chèque-Repase bei eis benotzt?

Lauschtert eran

Dës kleng Couponen sinn déi aussergesetzlech Zousazleeschtungen, déi am wäitsten hei zu Lëtzebuerg verbreet sinn. Ëm déi 20 % vun de Salariéë kréien als Deel vun hirem Gehalt Chèque-Repasen. Zwee Ubidder deelen sech hei zu Lëtzebuerg de Marché: Sodexo, zielt 55 000 Empfänger vu Chèque-Repasen an Edenred 23 250. Mee opgepasst, dës Ubidder stellen och aner Varianten aus, z. B. Chèques-Cadeaux. Wat déi gemeinsam hunn? D'Akeef, déi mat dëse Coupone gemaach ginn, si steierfräi.

D'Coupone kënnen an 1 500 Geschäfter hei am Land ageléist ginn. Et kann een nëmme Liewensmëttelen dervu kafen an si sinn eng Form vun aussergesetzlecher Zousazleeschtung, iwwer déi en Employeur bis zu 1 760 € netto pro Mataarbechter pro Joer ka verdeelen.

Kritt jidderee Chèque-Repasen hei zu Lëtzebuerg? Nee, dat hänkt vum Patron of. Wann eng Entreprise keng Kantin huet, kann si Chèque-Repase vun enger Valeur vun 8,40 € oder 10,80 € ausdeelen. D'Montanten si jee no Aarbechtssecteur verschidden.

Wärend engem Krankeschäin mussen am Prinzip keng Chèque-Repasen ausgestallt ginn. Et geet aus dem Steiergesetz ervir, datt d'Chèque-Repasen ausschliisslech den Zweck hunn, datt e Salarié ka wärend engem Aarbechtsdag eng Moolzecht bei engem Restaurateur kann iessen. Logescherweis kënnen dann nëmmen déi Salariéë Chèque-Repase kréien, déi tatsächlech e ganzen Aarbechtsdag leeschten.

Se kënnen haaptsächlech an de Restauranten ageléist ginn. Vill Restauranten akzeptéieren se fir Mëttes, mee net fir Owes. Et kann een awer och a Bäckereien, Fast-Food-Restauranten, a Snacken dermat bezuelen, am Allgemenge fir alles, wat ee kann iessen oder drénken!

Am Géigesaz zu anere Länner, wou et géint d'Gesetz ass, Suen op e Chèque-Repas zeréckzeginn, verbitt Lëtzebuerg de Geschäfter dat net. D'Restaurateuren decidéieren, ob si Iech d'Suen zeréckginn oder net, dat ass hinnen iwwerlooss.

D'Chèque-Repase kënnen och an deene meeschte Supermarchéën ageléist ginn.

Mee opgepasst! Si si valabel zu Lëtzebuerg, an nëmmen zu Lëtzebuerg. Fir d'Frontalieren ass et onméiglech se an hiren eegene Länner ze benotzen! Schlussendlech, vergiesst net, datt et haaptsächlech eng Saachleeschtung ass, déi Ären Employeur Iech offréiert!

A wat ass mat digitale Chèque-Repasen? D'Salariéë sinn drun interesséiert, d'Restaurateuren an d'Geschäftsleit och! Et kéint vill Pabeier gespuert ginn, wann een dës Avantagë kéint op eng Chipkaart lueden, ewéi z. B. an der Belsch. Et wier och méi praktesch! De Projet ass schonn an der Maach a misst normalerweis geschwënn ëmgesat ginn. Gedold!