Et ass eis all wichteg, d'Ëmwelt ze schützen. Also, wéi funktionéiert dat?

Lauschtert eran

Et héiert een zwar vill iwwer de Prinzip vum Pollueur-Payeur, mee et gesäit ee wéineg dervun. D'Mesure ass net einfach ëmzesetzen. Mee dës Kéier huet Lëtzebuerg et gepackt. Wat ee méi Emissiounen ausstéisst, wat ee méi bezuelt.

Ënner anerem fir d'Objektiver vum Paräiser Klimaofkommes anzehalen, huet d'Regierung eng nei CO2-Steier agefouert.

Den Zweck dervun ass einfach, mee éiergäizeg: Treibhausgas-Emissiounen ëm 55 % bis 2030 ze reduzéieren, eng Energieeffizienz vu 40-44 % ze erreechen a 25 % erneierbar Energien ze produzéieren.

Hautdesdaags ass den Transport fir zwee Drëttel vun den Emissioune verantwortlech, fir genau ze sinn, 4,2 Milliounen Tonnen CO2 ginn duerch den Transport vun net Residenten an 1,91 duerch den Transport vu Residenten ausgescheet.

D'Steier gëtt op Diesel, Bensinn, Mazout a Gas erhuewen a beleeft sech op 20 Euro pro ausgescheeten Tonn CO2. Fir d'Autofuerer heescht dat, datt den Diesel ongeféier ëm 5 ct pro Liter méi deier gëtt. E Fuerer vun engem Auto, deen zum Beispill 20 000 km pro Joer fiert an dee 6,8 Liter/100 km verbraucht, misst manner ewéi 6 Euro pro Mount, dat heescht 70 Euro pro Joer dropleeën. Dës Steier steigt jeeweils 2022 ëm 5 Euro an 2023 ëm 5 Euro.

Déi international Transportfirmen, déi vun de virdeelhaften Dieselpräiser hei am Land profitéieren, sinn direkt dervu betraff. Et wier net wierklech nohaltege Klimaschutz, wann een einfach géif virufueren, esou grouss Quantitéiten un Diesel u Camionen am Transit ze verkafen.

Et geet dofir och drëm, den Iwwergang op eng Mobilitéit ouni CO2-Emissiounen ze beschleunegen an op Heizungsystemer, déi aus erneierbaren Energië gespeist ginn, ëmzesteigen, well domat den ekologeschen Iwwergang beschleunegt gëtt an d'Loftqualitéit sech verbessert.

Dat heescht, wat déi eng Säit erageholl gëtt – tëschent 100 an 120 Milliounen dat éischt Joer – gëtt déi aner Säit ëmverdeelt. Fir déi konkret Mesurë géint de Klimawandel ze finanzéieren a steierlech a sozial Mesuren duerchzesetzen, ginn am Interessi vun der sozialer Gerechtegkeet besonnesch déi méi schwaach Stéit direkt cibléiert. Zudeem gëtt d'Zoulag fir d'Liewensdeierecht ëm 10 % vum selwechten Datum un erhéicht.

En aneren Deel vun de Recettë ginn op Mesurë fir den ekologeschen Iwwergang verwennt.

D'Regierung huet decidéiert nach méi Ustéiss ze ginn, fir déi energeetesch Renovatioun vu Gebaier an d'Installatioun vu Solarzellesystemer virunzedreiwen: de Mindestalter vum Gebai, dee fir déi superreduzéiert TVA vun 3 % gëllt, gouf vun 20 op 10 Joer erofgesat, an d'Propriétairë vun enger Wunneng, déi laangfristeg verlount ass, hunn d'Recht op en Amortiséierungstaux vu 6 %, deen iwwer 10 Joer fir all Investitioun an eng energeetesch Renovatioun accordéiert gëtt, déi vun de finanziellen Hëllefe vum Programm "Clever Wunnen" profitéiert. Fir d'Entwécklung vun der Solarenergie nach méi ze ënnerstëtzen, gëtt d'Leeschtungsschwell – vun där un d'Revenuen, déi aus der Exploitatioun vun enger Solarstroumanlag gewonne ginn, versteiert musse ginn – ugehuewen.

Kuerz gesot, eng "Win-Win"-Steier: op der enger Säit bezuelt ee méi, fir awer op der anerer Säit besser ze liewen.